Pressecommuniqué
Fir eng optimal Prise en charge an den Urgencen zu Lëtzebuerg
D’Acteuren aus der Lëtzebuerger Médecine d’urgence et de catastrophe di sech an enger gemeinsamer Interessevertriedung zesummen.
Lëtzebuerg, den 1ten Oktober 2026 – D’Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence déi zanter 2016 d’Interessie vun den Acteuren aus der Noutfallmedezin zu Lëtzebuerg vertrueden huet, deet sech mat den all den Acteuren aus der Médecine d’urgence an de catastrophe zesummen.
D’Asbl setzt sech fir eng héichqualitativ Noutfallmedezin zu Lëtzebuerg an, an däer d’Dokteren, d’Pflegepersonal, a generell alleguerten d’Intervenanten aus der Médecine d’urgence an de catastrophe sech fir eng optimal prise en charge vun de Patienten hei am Land staark maachen.
An der neier Société Luxembourgeoise de Médecine d’Urgence et de Castastrophe (SLMUC) sollen esou d’Vertriedung an d’Entwécklung vun dëser medezinescher Disziplin verbessert ginn. D’SLMUC wëll de wëssenschaftlechen a berufflechen Austausch an d’Weiderbildung an deem Beräich fërderen.
Dës nei Dynamik geet Hand an Hand mam Lancement vum engem neie Site (slmuc.lu).
Op europäeschem Niveau ass d’SLMUC mat enger permanenter Präsenz an der Sektioun fir Noutfallmedezin vun der UEMS (Union Européenne des Médecins Spécialistes) vertrueden an ass offiziell Member vun der European Society for Emergency Medicine (EUSEM).
Déi éischt Generalversammlung vun der SLMUC ass den 21. Oktober 2026 a wäert déi kommend Prioritéiten an Objektiver festleeën.
